Ne de Baam ass esou ... et woor eng Luucht dei rare ass ... an d'Sonn voll op de Baam , de recht woor am schied ...
Eng ganz besonnesch Atmosphaer (1450 meter heisch )
D'Farwen gin ganz stgark kontrasteiert duerch eng relativ heisch sonn .. an d'allang pose greift all nuancen an ...
D'Bea woor gewollt an awer wor net vill bea do
Ganz eierlech den eischten Moment hun ech geduet, hat den Gennaro sein Brell net un, do hun ech mol mei genau gekuckt, mee dass schon komesch daat Bild
Jo, also Motiv u sech mat der geschwongener Kéier ass super mee irgendwou hues de dech mat de Regler vergalopéiert. Deen Baam do wierkt wéi drop gepecht...
Du sees daat waat d?Zora ochj mengt ,,, mee de Baam , ewei erwaent , ass effektivement stark kontrasteiert ... duerch eng ganz besonnesch luchtverhaltnis
Eng super Luucht, zemol de "Spot" um Bam an eng richteg gutt Bildgestaltung, de geschwongene Wee, de Bam am gëllene Schnett an den Horizont an der Diagonal, ...an en plus mat 4 Minuten an d'Wolleken a Bewegung och d'Zäit am Bild agefangen, ...esou gesinn exzellent..!
Ech sin awer éierlech, an eenzege Kritikpunkt fir mech hei am Bild ass d'Schärft, wou néirewou richteg present ass, ..Schued.
Deng Foto hei, Gennaro, kënnt elo net graat un déi Qualitéit erun vun deene déis du op den Austellunge weis, mä vielleicht haas du aaner Beweggrënn fir se hei hin ze pousten
Jo ... meng Beweggrond ass dass ech net iwerzeecht wor vun deser Foto ... mee ech gin awer nees emmer op se kucken... D'Quali ass awer och eppes ganz subjektives ... Ne?
Aawer wirklech subjektiv, et hängt dovun af op d'Foto hei um Bildschirm op dëser Plaaz gewise get oder erausgeprint get, dat sin dann Welten déi sech trennen.