Kuck net no mär op wat ech allergesch sin
Hun mol mat enger Foto probéiert an gesin mol keng Ofress. Wann Ofress dran kommen kanns du et versichen den Hannergrond e bessen ze entrauschen an dann eng liicht Körnung dran machen. (Klappt net emmer mee meechtens)
Ech hun eng Korektur gemeet an den Tounwerter an den Blostach erausgehol:
http://www.bilder-upload.eu/show.php?file=88ee3c-1461330816.jpg
Jep, fannen se vill besser! Elo sin schéin Kontraster dran an d'Faarwen kommen besser eraus
Fotoen mat esou engem Hannergrond kriss de selten Ofress, déi enstoen éichter bei enger uniformer Faarw mat Hellechkeetsennerscheeder.
De Jacques huet recht, mee Du kriss daat schon hinn,
op allefall flott Biller, Dir haat jo Chance och weiblech Déieren ze gesinn,
bei eis waren déi ëmmer fort op d'Juegd fir hier Männer z'ernähren
Merci mischii, jo dat war schonn Chance
mee si waren relativ wäit ewech, do waren op mannst 840 mm noutwendeg, deelweis esouguer 1200mm. an dat ouni Stativ ze manövréieren...
Waat mir hei gudd gefällt ass dass Namibia och emool vun senger "grénger" Seit gewisen get - daat ass jo just kuez am Joer an ech hun et bis ewell och nach nie esou erliewt. Flott Faarwtupfer mat den gielen Bléien op den Fotoen 2 an 3.