mystesch genuch fir Trollen ass et do
schéin wéi de Blëck erangezunn gët,
mir ass den S/W ze daischter, mee daat ass well ech keen Frenn sinn vun S/W, deng Opnahm brëngt schons daat Mystescht gudd riwer , daat gesinn ech wuel
Am Farweschen ass et ganz aneschters... hun se och am Kromateschen ... me sie seet mir neischt ... Daat Mystescht ass an dem Land Intrinsesch... an d'freet mech , opschons du net en SW Frenn bass, dass de stoen bliwen bass ... an dass du e bessi daat erausspuert hues waat ech wollt weisen ... daat freet mech besonnesch
Déi Perspektive vun ganz ënnen no owen get dem ganzen eng immens flott dramatsch Stëmmung, d'Naturgewalt imposéiert Respekt, Versicht, esou guer Angscht virun deem waat alles vun do uewen kann erfokommen. Excellent Arbecht.
Charel, ewei emmer deng Kommentaren gin all Bild dei du beschreiwst en valeur ajoutée...
All Wuert deen du sees ass net banal... iwerlued mat mol haiando sous-entendu'en dei mech iwertreffen... awer dei mech unspornen eng minirecherche ze maachen an gelichzäitesch mech Kulturel ze stärken, oder ze verfeineren... ewei de Miau seet ... d'Diskussioun , oder Kommunikatioun ass wertvoll...
Dem Ansel oder och hai an do den Selgado...awewr ouini irgendwei en Parallelismus ze zeien... Jo den Ansel waar besuercht seng 8 Tein dran ze kreien, an daat alles an progressiv werter vum Groen...
Den Selgado dreckt seng Dramatesch SW an esou enger magistralescher Art an Weis ... dass keng vun sengen Fotoen am Kapp hun... just nemmen daat waat dei Biller an mech evokeiret hun ... also beanflosst hun...
Jo d'Antipathie leit am faite dass mir net gewinnt sin d'Zäit , 4 dimensiounen an 2 ze reduzeiren... an d'Zait muss goen , muss bewegung duerstellen... hai sin 360 sek an engem Bild enthaalen... distributioun vun der Luucht , Wolleken vun der 1schter bis zur laeschter Sekonn... an esou och d'Waasser... an do an dem Fleissen get et eppes waat Immuabel ass... de Steen.. an d'essenz... Gesäiste net dass d'Empathie dech au delà vum Bild brengt... an deems se dech dran hällt...
... kai oden meini egal wei schnell... esouguer daat waat sech net beweegt...
E Bild wou d'natierlech Elementer mat enger enormer Stäerkt optrieden an d'mënschlech Mauer wéi eng Bagatelle wierkt ( wat se jo och ass! ). Den dominante Steen mat senge primitive Strukture vir gefält mer besonnesch gutt. Eventuell bemierken ech ronderem de Steen e klengen Halo, mee dat ass fotografesch Ierbessenzielerei an deet der Stëmmung am Bild keen Ofbroch.
Gefält mir exzellent.
Och e super Komment ... an daat sin Wieder dei mei ewei eng Kritik ass... Des Wieder gin , net nemmen menger Foto, me all KonschtArt, op Populär oder och net, hieren effektiven Wert. Sech iwert eng Foto freen, oder och net ... bei enger Vase oder eng Peinture stoen bleiwen dei d'Nopesch faconneiert huet ass creativiteit en sech respekteiren (och wann et net gefaellt an daat och soen an justifizeiren) ... D'Konscht ass en Deel vun der Freiheet ... an se deet geint dei pathologesch Gewalt kaempfen dei mir de Moement mussen erliewen (vun allen Säiten)... Gleichgülteschkeet, iwerflächlechkeet, oneirlechkeet, hypokrisie, egozentrismus an egoismus... habgiereschkeet, fanatismus, ass eng resultante bei denen Menschen dei komplett de Kontakt mat dem "schéinen" verluer hun...
Ah jo... den Halo... ech mengen deen ass entstaanen well do mei Luucht ass duerch d'accelerazioun vum Waasser ... an daat mengen ech well en net reegelmeissesch verdeelt ass...
Gratulatioun fir d'WF, dat war verdéngt!
A Merci och fir deng philosofesch Iwwerleeungen an dengem Kommentar.
D'Angscht, déi d'Gewalt an de Fanatismus ervirrifft, kann ee bekämpfe mat der Sich no Schéinheet, z. Bsp an der Konscht. Da kann d'Fotografie och Kraft ginn.
Déi Carte de tendre hei vir op dem Steen, dat Andreaskräiz vu Steng mat Hëllef vum Wasser an de Steen geschriwwen, dat as wéi ee Message vun den Illuminati dell' acqua, déi wéi ee Schwarm Spanneseeler dat Fléissend transzendéieren.
Nee, Farf wier hei falsch am Spill. Et gët Motiver, déi sin einfach grafesch vun Natur aus, do ka just Graphit hëllefen, fier dat dem Aa vum Betruechter ze vermëttelen. D'Grostufen hei droen alleguerten d'Farfinformatiounen a séch, mais si blenden se aus, fir datt just d'Textur betout gëtt, well dat ass d'Sprooch vun der Mystik.
A wann ee laang kuckt, da gesäit een d'Gesiicht vum Satyr, deen dem Wasser nokuckt, wéi et lénks aus dem Bild fléisst. Faszinant, well et géint eis gewinnt Liesrichtung geet, an deemno eis Zukunft an der Vergaangenheet ze sichen an ze fannen ass.
Firwaat, wanns de net wells dass se and Wochenofstemmung kennt, do get et esou een Knäpchen.....free dech dach, se get jo net vir näischt gewielt, gut ass gut, basta