Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Ballistik

 
Ballistik
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (25.01.2015). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.01.2015
  • Gekuckt:
    64569
  • Favoriten:
    10 (Wen?)
  • Kommentarer:
    47
  • Beliichtungszäit:
    4/1 sec
  • Blend:
    f/14
  • Brennwäit:
    100 mm
  • ISO:
    250
  • Blëtz:
    Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x1200
  • Späicherplaz:
    501 KB
  • Originaldatum:
    2015:01:17 19:56:22
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D X
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 100mm f/2.8 IS
Kategorie: Objeten an Still Life »» Am Studio
2. Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=81936]
Kommentar vum Fotograf:
Mol nach ee bëssen doheem am Studio experimentéiert .. Ee Loftballon mat Wasser gefëllt an mat der Loftpistoul drop geschoss an gléichzéiteg den Blëtz manuel ausgeléist.
micky-maus 25.01.2015 - 22:31
Booah, Bääähm !!! Daat dooten ass rischteg gudd. surprised
Immens Arbecht Doheem ann belound mat engem gudden Bild.

Just matt Dengen Exifen ass eppes duergeneen, Schluck. Noo 4 sek gesait daat net aus, oder?
Schluck 25.01.2015 - 22:33
Dach, déi EXIFën déi stëmmen, 4s den Shutter ob am Déischteren an dann den Blëz den rischtegen Moment fir d'Bild anzefréieren. Merci gesoot smile
micky-maus 25.01.2015 - 22:37
Interessant, muss mier mol doo Tutorials am Netz eranzeihen, ass komplettes Neuland. smile
Schluck 25.01.2015 - 22:53
Pass ob .. ass unstierchend closed_eye
Nicon07 25.01.2015 - 22:35
Surrealismus vum Feinsten, obschon... all déng Ingredienze si jo awer schon Objetën aus der Wirkléchkeet. Mais d'Foto... Mir feelen d'Wieder. Fir méch d'Wochefoto vun nächste Sonndeg... closed_eye
Schluck 25.01.2015 - 22:49
Décken Merci Nico .. d'Highspeed-Fotographie ass een immens flotten Sujet an kann een immens flott Saachen machen fir den Wanter ze iwwerbrécken.
He-Lx 25.01.2015 - 22:47
Genial, Schluck!
Den HS Workshop kritt Bléien.
Schluck 25.01.2015 - 22:51
Merci Henri, jo den Workshop huet ee ganzen Koup Know-How bruecht wéi een un den Sujet erunngeet an lo wees ech wéi ech meng egen Ideen héiheem kann ëmsetzen.
Aiello 25.01.2015 - 22:51
flott, an och gut geleist mam zweeten Verlschoss
Schluck 25.01.2015 - 22:52
Nee, keen zweeten Verschloss .. manuel, mam zweeten Verschloss géings de dat nët hinkréien. Merci gesoot smile
JADE 26.01.2015 - 03:26
XLNT !!!
Schluck 26.01.2015 - 23:03
Thanks JADE smile
Silex 26.01.2015 - 07:19
Stark!
Ech huelen un du hues se op d'Kopp gedréint? De Ballon houng jo voll Waasser?
Schluck 26.01.2015 - 23:04
Merci Silex, jo, hunn se ëm 180 Grad gedréint.
Jeanny 26.01.2015 - 07:28
dem stinn Hoer zu bierg, mir och wann ech un die sauerei denkensmile
Schluck 26.01.2015 - 23:05
Oh Contraire Jeanny, ass jo nëmmen Waaser, main Keller war nach nie sou propper bigsmile
marischen 26.01.2015 - 09:57
Fir mech och eng Wochefoto smile Super!
Schluck 26.01.2015 - 23:05
Décken Merci marischen smile
tscjoki 26.01.2015 - 11:59
Ganz groussen Kino ! TOP !
Do ging mech effektif och en Tutorial interesséieren smile
Schluck 26.01.2015 - 23:21
Merci tscjoki, eeng Kuerz Versioun vun engem Tutorial:

- Loftballon mat Wasser fëllen an un engem Nilon obhänken
- Fotoapparat anstellen: 4s f/14 ISO 100
- um Stativ focuséieren an AF ausschalten
- Blëtzer manuell anstellen 1/128
- Loftpistoul huelen an zielen
- Luucht aus an Fotoapparat ausléisen
- Schéissen an zum selweschten Moment Blëtz ausléisen

An zum Schluss, eng gudd Portioun Chance hunn fir den richtegen Moment geblëtzt ze hunn.

tscjoki 27.01.2015 - 08:11
An e puer Dicher fir d'Sauerei ewech ze machen hues de vergiess closed_eye

Thanks fir den Tutorial ! smile

PS : Studiobletzer oder Systembletzer vum Apparat ? Einfach 2x am 45 Grad Wenkel beliecht ?

Merciiii
Schluck 27.01.2015 - 08:37
4x Yongnuo mat Funkausléiser hannert enger matter Plexiglas Plakk richt drop .. dat hescht am Géigenliicht, Jo d'Raclette fir ze botzen ass effektiv och erwähnenswert closed_eye
Esteban 26.01.2015 - 12:48
"mat der Loftpistoul drop geschoss an gléichzéiteg den Blëtz manuel ausgeléist"
Respekt.....souvill zum Thema Multitasking smile
Ass TOP emgesat
Schluck 26.01.2015 - 23:07
Merci Esteban, hunn och nach mat Trggertrap mam Sound probéiert mais ët mat engem Ballon ze reproduzéieren mat der Kugel ass mer nach nët gelongen .. mat zwee jo, awer mat engem nët .. ass natirlech och décken Fund gewiercht dass den richtegen Moment war
jorsch 26.01.2015 - 14:16
Wow! Immens!
Schluck 26.01.2015 - 23:08
Décken Merci jorsch smile
Zora 26.01.2015 - 15:01
fanatasteschclosed_eye
Schluck 26.01.2015 - 23:08
Dir och een déecken Merci Zora
Richie 26.01.2015 - 16:44
Whau. Wanns de net geschriwwen häss wat et wie, wier ech awer net drop komm
Schluck 26.01.2015 - 23:09
Jo, ech hunn ee puer Léit d'Bild ouni Erklärung gewissen an dann ass ët schwéier ze erkennen. Merci Richie
Autumn 26.01.2015 - 19:41
Super fantastesch, ech experimenteieren och e bessen mat sou saachen, mecht immens vill spass. Weivill versich hues de da gebrauch fier dei foto ze kreien?
Schluck 26.01.2015 - 23:11
Ech hat Chance, huet zimmlech fréi geklappt .. géif soen 6-8. Ass immens vill Spass an ët kommen ëmmer nees néi Ideen. Décken Merci. smile
Maimonides 26.01.2015 - 20:41
Kuck och hei Schluck,

vum yoshi:

Et war emol ...


Schluck 26.01.2015 - 23:13
Ah jo, och ganz flott .. 2008 hunn ech mol nach nët un Fotoen machen geduercht
Miau 27.01.2015 - 21:12
Fav
Schluck 28.01.2015 - 08:19
Merci Miau smile
Fuuss 27.01.2015 - 23:51
Étongueoustouflant! Abstrakt an dach reell.
Schluck 28.01.2015 - 08:19
Merci Fuuss, dat freet smile
BigVood 28.01.2015 - 09:47
Salut Schluck,

Immens déi Foto...super Iddi mat engem geniale Resultat!!!

BG, Laurent
Schluck 28.01.2015 - 13:56
Merci Laurent, ass een flotten Zäitverdréif iwwert den Wanter smile
jps 28.01.2015 - 11:05
TOP, a mam Wutz no ënnen ass och gudd closed_eye
Schluck 28.01.2015 - 13:55
Merci Jean-Paul, eng hooreg Geschicht mat Wutz no ënnen bigsmile
disGraziana 28.01.2015 - 17:59
Génial!
Schluck 29.01.2015 - 07:59
Villmols Merci disGraziana smile
suraki 03.02.2015 - 23:04
verdéngt ... smile
Schluck 04.02.2015 - 08:02
Merci Ed, gees de mol nach heisdo mat dengem Mupp ob Remerschen ?
suraki 09.02.2015 - 20:39
ech hunn an leschter Zäit gelatzt, esou bal et erëm e bessi besser geet sinn ech erem do
... de Schëfflenger Bierg ass flott awer net fir dauernd smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 283 Gäscht online