Digital Biller halen sech nun emol gutt
Am Eescht, ech wollt ëmmer emol dohinner, sin awer nët aus dem Eck an hu mech elleng nët getraut.
An dénger Galerie gesin ech nach anerer, déi CT thematiséieren.
Déi heiten gefällt mir perséinlech gutt, trotz der spezieller an iwwerdriwwener HDR-Bea, an zwar haaptsächlech wéinst der Luucht (an ech mengen ouni HDR wär déi nach vill besser a géing gutt kontrastéieren, awer dat ass einfach affaire de goût) an déngem Bléckwénkel, den ech op alle Fall gutt fannen.
Dat ass jo och nët de Problem Zora, ech sin och fir e Fototour schons 2-3 Stonne gefuer, meee an ale Gebäier, wou ech mech nët auskennen, géif léiwer mat engem dohinner goen, dee weess wéi een erakënnt an op wat een oppasse muss.