Gefällt mir lo net esou immens. Ech fannen deen harden Kontrast mamm schwarzen Hannergrond e bëssen ze stark. A fir eng Serie hätt ech se dann all d'selwecht cadréiert (z.B. quadratesch). Affaire de goût.
Merci Silex. De Kontrast ass schonns hefteg, et war en Experiment an ech wollt hei gesinn, wéi dat ukënnt an dofir sinn ech frou iwwert däi Kommentar.
Eng Serie muss thematesch a vun der Veraarbechtung hier zesumme passen, allerdings gesinn ech dat mat dem Cadrage net esou enk.
An der éischter an an der zweeter sinn Drëse ganz gutt Cadréiert.. Déi schaarf op der richteger Platz an't Fotoen sinn net iwwerlueden. Verhältnis Passt se sinn méi ausgeglach. Dräi an't véier do gëtt fir mech Motiv erdréckt...wierkt ageengt. Kontraster stéieren mech net. Däin Experiment 1 an 2 gefält jorsch!!
Merci Conley fir deng genau Analys. Si ganz mat dir averstan!
Ech hat 3 a 4 derbäi gemaach, fir d'Serie opzestocken, 1 an 2 gefale mir och am Beschten!
Fir mech och di zweet jorsch, vun deenen aaneren sinn ech perséinlech nët sou iwwerzeecht, ech mengen ech hätt se léiwer manner haard am douce greng gesinn
Merci mischii fir deng Appréciatioun. Ech sinn och fir di Zweet.
Et ass interessant, wéi hei ënnerschiddlech op d'Bea. reagéiert gëtt, ech mengen dat ass bei dëse Biller vill a.d.g.