Gennaro, wat hues du do ee Konschtwierk geschaafen! Di Farfstëmmung faszinéiert méch. Onirique, et ass irgendwéi eppes baudelairien'ës an dénger Foto. Sou een Hauch vu Verbuedenem, an dofir extra schéin.
Uhh net iwerdreiwen... elo Konschtwierk... ouni falsch Bescheidenheet!
Emmerhin ech apprécieiren daat och d'une façon particulière!
Enfin je n'étais point décider entre me vouer à Charles ou à Arthur et pour ne faire de tort à personne j'ai remarqué Fleetwood Mac... pardonne ma grossièreté, ... l'ivresse de ce bateau enchaîné trouvera sa liberté un jour ... et il hissera ses voiles tout seul!
Du freess méch op enger aanerer Plaz, wou do dat Verbuedend ass. Mais da soen ech dir dat: fir méch ass dat "Verbuedend" net eppes, wat elo am éischte Plang an dénger Foto rauszeliesen ass, mais éischter dat Ënnerschwellecht, wat méch durch déng Foto ureegt. An dat kënnt durch 1. déi orange -brong Téinung, déi fir méch wéi de Schäin vun engem Brasier, also engem grousse Feier, dat een net gesäit, mais dat awer irgendwou am Off präsent ass, wéi ee Feier aus der Ënnerwelt (oder der Hell, firwat net?) dat Boot, wat eist/mäi Liewen duerstellt, bedréit. An 2. durch di däischter Vignette um rechtse Bord, dohinner, wou dat Boot wärt higezu gin, wann d'Flut neess kënnt (d'Amarre weist jo eendeiteg an den Eck), déi Vignette, also, déi stellt fir méch d'dat Ongewësst vun der zukunft wuel engersäits duer, mais awer och d'Versuchung oder d'Sënden, déi een um weidere Wee durch d'Welle vum Liewen nach wärt maachen. Ok! Dat do gesäis du lo vläicht net sou direkt dodran, mais du hues jo och net 2 Fläsche Béier intus nuets um halwer eng bei 99,9%eger Middegkeet.
Du bass guer net esou wäit vun mengen Gadanken... D'Foto ass och esou opgebaut ... mé ech hun weider neischt verbuedenes gesinn opschons , daat och esou ken gesoot gin... d.h.:
1- Verbueden ass emmer eppes en rapport zu "eppes" , villeicht Moralesches... Den Überich quoi, mé dén gesinn ech , an mengem Alter wuel nemmen an mech... den Überich ass elo nawell mei vun mir selwer konditionneiert ... och wann , natiirlech nie ganz... soss haett den Jung och net mei Recht (wien sin ech dass ech him keint widderspriechen, an wei Agebild waer ech wann ech geif behaapten dass ech FREI wier vum Effektiven Überich)...
D'Freiheet , och fir daat Verbuedenen, ass eng Aspiratioun... mé mir ginn emmer nees ungehaalen fir iwerhaupt our own way ze goen... och wann dén Wee an daat Däischtert gét .. do wou daat Verbuedent och verweilt ...
2- Gin Mir ugehaalen fir net an d'Tentatioun ze kommen? oder
3- Wellen mir endlech dei Seegelen do hiewen fir den Amarre ze briechen?
Am fong haengt des Foto mat daerer virdrun Waat ass Secherheet?
MErci villmols fir deng Iwerleeungen ... super super!
Mir sin durch di selwécht Schoul vun der Jugend an der Erzéihung gaangen, Gennaro. Ech hu just 6 Méint éischter wéi's du méngen Elteren hier Nuechten ënnerbrach... Dohir wonnert et och net, datt mir zimmléch t'sälwécht ticken a philosophéieren. Méng Jongen haut, mat google® a wikipedia® etc... als Konkurrenzerzéiher, hun do eng ganz aaner Vue op de Mënsch. Vläicht deelen déi hir Perséinléchkeet net sou op an ICH, ÜBER-ICH an ES, wéi eis Elteren. Pädagogen, Philosophen asw dat gemaach hun. An hun domadder fir hier Generatioun Recht, sou wi mir fir eis. Op alle Fall am Kontext mat deem hei verlinkte Bild sin séch fir méch nach aaner Interpretatiounsméglecheeten op fir dat mam Boot. De Raum hei léist awer net zou, datt ech méng Gedanken zevill ausféieren. Dofir just dest: Sécherheet ass dat, wat engem Halt gët an d'Gefill, et bräicht ee keng Angscht ze hun. Dat huet näischt mat der reeller Gefor ze din an där ee lieft. Déi ass permanent, et filtert een se just wech, well laang Zäit näischt geschitt. Well Sécherhhet ass sou laang Sécherheet, bis Leit kommen, déi fir eis decidéieren, et wier elo riwwer domadder. An engem séng Iwwerzeegungen sin op eemol net méi richteg mais falsch, ouni datt séch fundamental eppes geännert huet. Beispiller fënnt een der all Daag genuch, am Groussen an am Klengen.
an dofir bleiwen ech awer nach hei hänken, all Daag immer wieder ...
well ech all Kéiers eppes bäiléieren (kann) ...
nët fir Fotoen ze machen, daat hun ech opgin, schon lang, mee fir d'Konscht ze léieren
... all Konscht
Jade! Daat waat du sés ass all komment,fav an wochefotoen wert! Dass du daat hai sés ass nach mei wertvoll an motiveiert fir weiderzemaachen... soulang é Bild ekzellent an konstruktiv iwerleeungen kataliseiert!
Du hues recht! ech leieren och esou ...
Villmols merci!
Nikon07,
De Pregno sét dass mir vun eisen Kanner leieren kennen, net hinne hier generationnel denken , mé nés aist selwer entdecken! Ech gesin ewei mein klengen probeiert all überich ewesch ze schuben.... Mat recht! Awer hien brauch dén awer mé hien muss en och kennen an erkennen! net sklav sin! Et ass net evident !
En plus ! meng autoriteit , de konkurenzerzeier... weiste sees..., muss zu geltung kommen... also misst zu geltung kommen! Mé wei soll ech him beibrengen dass hien den amarre soll setzen ? an esou ass et sein seel , dén hien al moment nés lass maachen kenn! Am endeffekt ass et selwescht am fakt, mé de konzept vun freiheet bleiwt bestoen am bewosstsin dass hien fondamentalement fräi ass fräi ze sin... hmmm Sarte? Kirkegaard? Meiglech?
Merci 1000 x
Oh, elo hat Esh dei baal iwersinn, En herlecht Bild wouen an dreemen kennt, dei Hard Kontraster harmoneieren hei schein mat de Farwen, Perspektiv ass hei Super gesat, an Seel wat an den Enechten Eck leef ass top, Einfach herlech ! Bewonneren dei Fotoen emmer, heus en immens Gudd D'Ae vir dei Fotoen wouste mees !
Weeste gianni, de cadrage ass eng art grammatik, ortografie, satzbäu, ... daat leiert én, mé daat flottst bei deser foto ass dass ech 10 km schnell mamm velo gefuer sin fir des nach ze maachen nach esou lang eweou d'ebbe do woor.
Ech hun mech dohiner getuppt an baal an engem meditativen zoustand geroden, ouni gedanken, isoleiert, ech an dei szen ganz alleng... et waar ewei 2 stonnen feste schloof! Des fotoen gin mir daat an probeieren dest gefill eremzegin!,, well et berouescht an befreit!
Merci villmols!
Ech sin elo färdig mam Ulrich RICHTMEYER sengem Buch:
"Kants Ästhetik im Zeitalter der Photographie. Analysen zwischen Sprache und Bild."
Dat ass schrecklich geschwollen a philosophisch bombastisch geschriwen, ass awer trotzdem héich interessant. Ech war frou wi ech derduerch war, mais et géing mir Leed doën wann ech et net ganz gelies hätt.
Zb:
"Entsprechende Bemerkungen FLUSSERS scheinen nicht mehr den "Photographen", sondern eher den theoretisch differenzierten Typus des "Knipsers" zu treffen: "Bei der Wahl seiner Kategorien mag der Photograph meinen, eigene ästhetische, erkenntnistheoretische oder politische Kriterien ins Spiel zu bringen. Er mag sich vornehmen, künstlerische, wissenschaftliche oder politische Bilder zu machen, bei denen ihm der Apparat nur Mittel ist. Aber seine scheinbar ausser-apparatischen Kriterien bleiben dennoch dem Apparatprogramm unterworfen." (FLUSSER Photo 33)."
Jo de Flusser mengt dass mir de Programmateur net kennen awer him ennerleen sin , well hien konditionneiert (metaprogramme) ais Duerstellungmeiglechkét.
Elo D'Kategorien ? Stieglitz, Ray, Molderings, et même Steichen, Giacometti ... waat hun dei gebraucht? Bestemmt net de métaprogramme mé einfach de moyen ... dén sin an alen ieren Limiten kannt hun... firwaat?
Arnaud Claass sét: La photographie, quelles que sooient le modalités , traduit un réel en un autre. Entre les deux existent des liens de nature variable... qui enchantent, stimulent ou mettent à l'éreuve notrre relation au visible... Logesch oder och net ... MAn Ray haat seng "verreckten Logik" ewei dei méscht Surrealisten (esou och ewei de Magritt...) Waat hätt do de Kant mat sengen Kategorien gesoot ? Oder de Freud? Et get no menger Ménung eppes waat net Intellekt ass (dén sech no 12 oder 14 Gesetzer vun de Logik baseiert fir ze Existeieren an esou och Kommunikativ ass (well mir all mat der selweschter Logik Denken .... mé mir fillen awer e bessi aneschters én ewei dén aneren) ...
Barthes , Krauss an Van Lier hun , no menger Meenung op enger mei Jungianescher Art an Weis d'Relatioun Fotograf-Fotoapparat -an Sujet fotografié evokeiet. De Vilem Flusser (ech hun d'Buch op Italienesch gelies) ass mir extrem Freudianesch efier komm ... opschon hien natirlesch och recht huet.
Eppes Superes ze studieren ass
Arnaud Claass : Le réel de la photographie... Filigranes Editions!Mai 2012.
Lies och Camera Obscura vum Barthes (mé ech mengen daat hueste schon gelies (wei wann én an der Deitescher Folologie de Goehte net gief liesen ) an den Henri Van Lier : LA philosophie de la Photographie... (den selweschten titel ewei de Flusser.
Pierre BOURDIEU, Roland BARTHES, Erwin PANOFSKY, Susan SONTAG, Ludwig WITTGENSTEIN, J.F.-LYOTARD, Walter BENJAMIN, Sigmund FREUD, Jürgen HABERMAS, etc....,
Gennaro.
Mé oui ... Weiste sés ... mé et get duer e puer vun dénen fir d'Fotografie... .
Enfin: Ass d'Fotografie Logesch oder Emotiv? Waat ass fine Art, waat ass Street, waat ass "la photographie vun der madame mamm iphone oder Samsung oder Nokia ...
Flott waat Susan Sonntage doriwer sét! --- La photo de famille (horribilant mais en même temps le plus grand témoignange de la réalité "ercue" .
Merci Charel
Jo!!!
Wini ass neischt do?... Den Apparat kritt och de neischt matt?
Kategorien ass d'Iwerleung ... mise en page , den apparat ... D'Gefiller kommen dourno , oder virdrunn
Hmmm ... do keint ech nach laang doremm wiewen ...
D'Perceptioun , dei Logesch an dei net Logesch , dei Kommunikativ an dei ... hmmm ... intuitiv kommunikativ.... De Barthes sét daat och elei ganz gudd. Enfin de compte , et ass waetvoll doriwer ze disserteiren well mir emmer nés sollten bewosst gin dass mir beim Knipsen an weisen en komplexen Mechanismus en acte setzen ...
Et ginn keng schlecht an gudd Fotoen , et gin just nemmen kommunikativ an manner kommunikativ fotoen , ...
Ewei fennste dei lescht Wochefoto , an firwaat ass dei Wochefoto ginn (ech stellen des fro well d'Spako dei gemét huet)
Dem spako seng Fotoën fannen ech esouwisou well exzellent, Gennaro, mais di do hat ech net gewielt.
Ech hat di hei proposéiert:
vum spako
Central Park
Des beréiert mech méi,
mais wat heescht dat ?
D'Wochefoto ass natirlich exzellent,
mais di aaner gefält mir eben besser.
(Kuck och mein Kommentar dozou.)
Sensibilitéiten, Gennaro, sin indivuduell, reng privat. An meng well ech op kee Fall imposéieren. Ech probéieren, oft, Fotoën vun aaneren erëm ze weisen, well et ass Schued vir bal all Foto déi net oder schlecht gekuckt gin ass.
Ech hun mech och wollten geint d'Efemerisatioun (uh là vum Bild wieren mé...
Emotiviteit vum Fotograf hun ech gemengt , misst gegraff gin... an hai as et present wann én sech e bessi Zait leisst...
Gennaro, dat heuste ganz flott formuleiert, an Esh schleissen dorauser dasste eng enorm Passioun vir Fotografie heus wouste mat Härz a Seil voll dobei bass ! Bewonneren dat !