An séier weg mam Fësch denkt sech d'Int ... just léider an déi falsch Richtung wëll och den Réiher huet ët mëtllerweil matkritt ... an sou ass ët wéi sou oft ... der lachende Dritte kritt den Fësch.
Merci Jeanny, jo dat sinn déi Scenen déi ech am Léifsten hunn .. ass ëmmer flott wann een sou eng kann erlieween an och nach festhaalen fir se weiderzeerzielen
Wann zwee sech streifen dann gewennt den Dretten... eng Serie mei schein wei dei Aner.
Emmer en Genoss fir se ze kucken.
( Ech mengen iwwer Qualiteit asw. brauch een net mei ze schwätzen
)
Mat dem doten Ausgang vun der Geschicht haat ech awer elo guer net gerechent, een super "micky-maus" Beitrag vun dir. Excellent festgehalen. Sin schons gespaant wéi elo nees weider geet an dengem feuilleton
This is the End .. déi naechst Biller dokumentéieren wéi den Réiher zereck ob säin "Troun" geet an den Fësch verschlengt, déi wollt ech awer lo nët méi weisen. Merci Georges
déi armen Int, mee et kont een sech schons eppes denken, iergendwéi stong en sou do .... ze warden ....
ech fannen et super wéi's du sou spannend Szenen brengs, an dobai sinn d'Fotoen och nach emmer top geroden, genial ))
Jo, irgenwéi schon .. wéi se do bei den Réiher an den Eck geflunn ass hunn ech och geduercht "Grosser Fehler .. wat mëss de dann lo do ? " An do woar ët och schon geschitt. Ech hunn gaer sou Scenen .. och wann lo nët ëmmer alles perfekt ass awer witzeg fir ze weisen fannen ech sou Biller schon .. muss jo nët ëmmer alles serieux an perfekt sinn
Nee, leider nët. Et sin der zwar e puer an eis Richtung komm, se waren awer bal ganz vum Schilf verdeckt. Soss war ausser den Jeeër just nach e Fuuss ënnerwee, an d'Eisvullen waren enzwousch aanëscht