Villmools Merci Schluck
Wéi ech d'Foto verschafft hun, do hun ech drun geduecht waat ech vun där geleiert hun. D'Kaweechelchen huet no lenks gekuckt an hun d'Foto dun gespijelt an hun och versicht se esou gudd wéi meiglech ze kadréieren Ech haat vill Aarbecht mam Hannergrond well deen zevill onrouech gewierkt huet. Freet mech wann der d'Foto gefällt
Wow, dat ass e schéine Portait vun engem Kaweechelchen. Super!
Wou konnste dat schéit Déier dann esou no virun d'Lens kréien?
War dat hei am Land? A fréier Natur oder an engem Gehege, Zoo?
Merci Marc, freet mech wann se gefällt
Et woar net hei am Land, mee awer an freier Natur.
Wei ech spazeieren woar hun ech gesin dass en klengen Bouf matt senger Mamm bei engem Baam stung an versicht huet d'Kaweechelchen ze lakkelen mat eppes waat den Bouf an senger Hand haat. D'Kaweechelchen woar sou fixeiert an oofgelenkt dass ech konnt fir een Moment ganz no erun goen fir eng Foto ze machen. Esou baal wéi ech d'Foto geknipst haat an hatt mech bemierkt huet woar et erem seier fort, an den Baam eropp
Do bass du je net onschellech drun. Hätt ech daat ne emgesaat an der Foto waat ech vun där geleiert hun, dann wär et net dozou komm
En decken fetten Merci un dech Schluck
Bravo Jacques , do hues de awer erëm schéin zue geschloen.
Super Schärft, Farwen , Ausschnett, et war Chance, ma fir esou e Bild ze machen get et dréi Sachen déi stëmmen mussen
1. Du muss do sin
2. De Kaweechel muss do sin
an 3. Si muss och nach net verwackel a scharf sin.
Gefällt mer einmalech.TT