MAy be...
Dess ass eng vun mengen lieblingsfotoen ... well et ass einfach herrlech wei dess vue den Hond vermenschlecht get... mir keinten ais an seng plaatz setzen
Waat ass schon ziviliseiert? Mir ? an aiser hektik, an aiser Konsum Welt, an aiser onverbindlecher Verweigerung vun de Gefiller an staendlech verweilen an engem horribelen Formalismus den Zesummenliewen am Fridden garanteiert?
Oder ass Zivil sinn just nemmen Schoulen , Infrastruktur, an Gesondhét? Wann et dest ass dann sinn mir partiellement ziviliseiert... Mé Schoul als Kultur , do happert et nés , Infrastrukturen dei "greng" sinn do happert et nés nach mei, Gesondhét ... na ja net nemmen dei Physesch mé och dei Psy, an do sinn mir komplett dolaanscht (kuck ---> stress, Leeschtungsdrock, asw asw)
Mé wou sinn dei spontan positiv gefillsausdreck, eierlech kommunikatioun, Laachen an laechelen?
Wéste , an Indien an Nepal villes fundamentales ass verweigert awer d'Gefiller sinn oft do, ouni elo wellen zefill Idealiseieren
wanns de einfach net faerts deng gefiller ze weisen ouni drop opzepassen waat aanerer soi disant ziviliseiert lait dofunner haalen gess de vleicht belaechelt mais du gesais och den neid an den aaen vun deenen dei esou weilten sin weis du, sech awer net trauen well se ebne deenen sozialen zwaeng an strukturen ennerleien an gudd wellen dostoen beim rescht vun hierer geselschaft ... kann der en lidd vun nonkonformiteit sangen
indien an nepal beweisst ... waats de manner hues waats de mat manner zefridden bass an en groussen deel vum sozialen drock deen op materialismus baseiert an neid op aanerer dei mei hun ass net vorhanden.. menschlechkeet kennt do nach fierun konsum an erfolgsdrock ...
fier d'psy ... wisou wuel sin do manner lait neurotesch ewei hei an europa .. ma well mer hei eng excuse brauchen fier eist versoen an doduerch eis als krank defineieren
Merci fir dei aentwert , extensiv an total vervollzèibar.
D'excuse: Jo daat fannen eng gudd erklaerung... mir kennen jo beischten goen.
Mé virwaat emmer nés excusen... de Mangel u Courage? Jo ...
En Bild ka méi soen wéi 1000 Wieder.... daat as Dir heimat voll gelongen. Et kann een flüchteg drop kucken an rem vergiessen... Et kann een awer och bleiwen a genee kucken, dann erkennt een all déi Traugegkeet an Tragic an dem Bild... Den ausgemergelten Hond mam ageklemmten Schwanz, an déi an der Anonymitéit verstoppten Menscheet déi un sengem Leed Schold huet. A super verschafft as se och .
"I have a dream"!!!
Vie de chien oder Vue de chien, dat ass d'Fro. Mais sou villschichteg ass des Foto, datt ech hei net Plaz genuch fir alles opzeschreiwe, wat mir hei durch de Kapp geet. Dat Spill mat der Onschärft an dem Hell-Däischter-Kontrast hei weist wirklch, wéi den Hënn hirt Kucken ass. An dat ass nun awer wirklch nëmmen d'Lecture au premier degré vun deser Foto.
Egal wéi bedréckend oder verängschtegent des Foto op munechereen hei wirke kann, fir méch ass trotz Desolatioun awer eng immens Hoffnung an der Foto. Den Hond steet am Liicht an e kuckt no riets an d'Liesrichtung vun der Zukunft, vum Fortschrëtt. an do ass uëwe rechts ee Liicht. An um Wee fir an d'Liicht ass eng Koppel, déi um Punkt ass, séch ze ëmärbelen. Matzen dran am Zentrum vun der Foto. Gudd verstoppt, awer däitléch genuch, datt et engem net entgeet.
Vue pendant la vie de chien , je suppose ... also beides
Merci fir deng ganz interessant interpretatioun dei ech wirklech Super fannen.
Fortschrett , Leiwt ,Lichtung, dat ganzt am Donkelen an weinech hell. Dest ass d'Welt dei den Hond gesait ... mé hien steet am Hellen , wei wann én den Surrealisteschen Kontrast mat der Menschlecher Welt weilt ennesträichen weilt. Ass den Kontrast dén him Angscht mecht? Wés net .. villeicht just nemmen den Tumult.
Allzaiten et ass eng "Hond" perspektiv ... wei keint dei nemmen sinn? Wé wés...?
Dest ganzt Diskussioun ennerstraicht awer wei alleng mir an aiser Welt sinn ... an wei einfach mir alles humaniseieren ... mir kommen jo net dofunne ewesch ... mir kennen neischt anesters ewei just nemmen Menschen sinn.
Ganz richteg! Mir kënnen net aanescht, wéi alles mat eise Moosstiew ze analyséieren. Den Hond wärt jo ganz sécher dat, wat e gesäit an héiert, och "caniséieren", wann ech dat Wuert elo mol hei einfach sou erfannen därf, well hie jo och net aus séngem Hondspelz rauskann.
Béi denger Foto ass an mengen Aen näischt ze Kritiséieren, si ass genial, an bréngt eppes eriwwer wat fir munscht Déier wéi och Mënsch den Alldag ass, mat sengen Ängschten an Gefiller.
Merci villmols
Waat ech hai wollt och ausdrecken ass dass mir einfach an ais Kategorien angespaart sinn an och nie do eraus kommen ... mé et get awer e klenge Wé sech dofunnen ze befreien oder wengstens e bessi .