oder Gott ass doud ... an Kontrapositioun zum
" God lives "
Nés eng keier get ais Spirituell Kultur lenks leien gelooss.
Virwaat?
D'Ikonen ginn do gelooss , mé sinn dei wierklech neischt waert, manner ewei Gold?
Et geet eis haut alleguer esou gutt, et ass kee Grond mäi do, fir nach un esou eppes ze gleewen
genee sou e Bild hate mir als Kand, an eisem Schlofzëmmer hänken.
deng Foto stemmt e schonns nodenklech Gennaro,
ganz flott och Beaarbechtung
Et ass mool keng questioun vum glawen, me fun liewensstiil, politesch anstellung ( cf italien).
D einfachkeet geet verluer, an ersetzt duuerch agressiviteit.
jo do hues de Recht et ass net eleng de Glawen,
awer säit wann huet de Liewensstil sech sou geännert ?,
däi Aggressivitéit bei de Leit? eng Diskussioun ouni Enn Gennaro.
mir si nach an der Famill grouss ginn, mam Glawen, dat war däi Zäit normal.
Ech och an daat war emmer eng valable bremms geint d Iwerflaechlechkeet. Et war de senn vun der solidariteit an de senn vun enger bestemmter freiheet virum konsumismus an habgierechkeet. Italien an daat waat do opgebrach ass , ass heisch symptomatesch an et ass wouer pch an vill aaner laenner. Et war ovh esou freier mee net geraad esou schlemm. Wien sinn d meedecher vum Berlusca? Marokannerinnen, nigeriannerinnen, sued italienerinnen, asw. Wien waar d Tati am frankreich, wast huet d lewinski gemmet?
Als kontrapositioun wast huet de Fini gemeet?
De Gesonden Feminismus , wou ass deen haut an deenen laenner? De feminismus deen seet dass endlech mann an fraa zesummen haalen sollten.
Asw asw
Wikileaks haut iwrr italien:
De berlusca ass den Idiot do ze haalen, well hien den amerikaaner necessaire ass.
Nu je et ass fragmentaire waat ech soen. Mee et ass driwer no ze denken, och fir ais hai am land.
Dofir hunn ech des foto eropgelueden.
Di Schäinhellegkeet (déi an dengem Bild gut erauskennt) ass verluer gang, well d'Muechtpositiounen sech verännert hun, d'Kierch ass duerch hir Skandaler etc an Verruff geroden an gett domat onglawwierdeg, déi selwecht Sache sinn awer 2000 Joer lang geschitt , et huet just keen driwwer därfe schwätzen. Déi, di sech getraut hun, si gefoltert a verbrannt ginn (och bildlech) a nach bis haut sinn der doutsecher nach vill, déi sech net getraut hunn, sech dat läscht Joer ze outen, an wärten mat deem psycheschen Drock an d'Graf goen.
Wat d'Kierch iwwer 2000 Joer probéiert huet oprecht ze erhalen, ass eng Vermeschung oder souguer Identifizéierung vun Institutioun a Glawen/Gott, an dat muss en Enn kréien, wann de Wee zu Gott soll nei erfuer ginn
Däi Bild ass dorann flott, wäll scho vill Schierbelen ronderem leien, an di Symboler vum Glawen trotzdeem emmer nach duerchschéngen, lo ass et dann u jidderengem, sech vun de Symboler ze léisen an den eegene Wee ze goen, wat d'Zesummeliewen an der nächster Zäit net mi einfach wärt machen ( Agressivitéit, Individualismus, Drogen, bis zu engem Szenario aus der Bibel: Turmbau von Babel, wou kee méi deen Aanere versteet...)
un lavoro eccelente, Gennaro, grazie
Geif ech soen ... mé villeicht och d'Spiritualiteit zur Kontrapositioun zum Materialismus , iwerflaechlechkét , oneierlechkét (ech sinn erzunn ginn an der Eierlechkét an net fir de schlausten ze ginn).
Et ass , ewei schons gesoot, net eng questioun vun Glawen an Gott (an sech) oder Kierch ... mé eischter wou gét d'Emanzipatioun virun dem Glawen hin mat ais ?
Wann mir mool d'Idee vun der Spiritualiteit net mei beibruecht kreien waat bleiwt nach vun der Mënschhét iwerrech... Prostitutioun? Drogen , Habgiereschkét? Nu jé mool kucken?
Oh la ... daat feiert ais an eng ze fill sérieust Philosopheiren
Hunn elo en zweete Bléck op d'Foto geworf: Ech fannen däi Kommentar ass wäit méi hefteg wéi d'Bild selwer! Gutt: D'Ikone leien um Buedem mä domat huet et sech dann och. D'Bild steet net a Flamen an d'Rumm ass net futti, d'Glas huet kaum eng Schréips. De Jesus um Kräiz huet keng Aaxt am Kapp an de Kruzifix läit emol net ëm! De Dreck vun der aler Kierch ( och e flott Symbol ) misst een natierlech grëndlech opraumen, villes muss op den Tipp. Awer duerno kéint ee jo mol versichen...
Ass däi Bild net éischter en Iwwergang wéi en Ënnergang?
Dat do, Gennaro, ass kale Kaffi. Dat ass et schonn 100 mol ginn. Ech hunn nach vill léiwer dass eng Religioun duerch hiert eegent d' Buedempersonal liquidéiert gëtt, wéi dass d' Buedempersonal aus deene Gleewegen, Terroriste mëscht.
Jo mee et ass emmet de buedempersonal.. Oder?
Well weder den mohammet, nach den jesus, weder den buddha oder den lao, wellen krisch an opressung.
Mir sinn et dei die dooten ikonen stoen loossen... Well mir nengen dass d institutioun d bibel, baghwadgitha oder de koran ass. Dass de fehler dei die meescht maachen.
Do wou Mënschen sinn, do "mënschelt" et. Ech weess net op d'Mënschen eng institutionaliséiert Relioun mussen hunn fir mateneen eens ze ginn. Eng Relioun gëtt onweigerlech e "facteur de pouvoir". An zwou ginn där 2. An dann sinn mir net méi weit ewech vum klasseschen "oeil pour oeil et dent pour dent".
Sou laang wéi verschidden Reliounen sech net kënnen mateneen verdroen a sech géigesäiteg respektéieren, daachen se näischt, keng vun hinnen.
Ech fannen esoulang de Mensch d'Leier net kenn emmsetzen esou lang hunn sie neischt verstaanen. Ne nommez pas le nom de Dieu en vain. Mais et ass gerad daat waat geschitt ... emme nemmen en vain an der Funktioun virwaat et iwerhaupt "erfond" ginn ass.
Né mir brauchen keng Institutioun oder religiös institutioun. Mir brauchen Beispiller , esou wei mir gudd Méschteren brauchen dei ais duerch aisen Métier feieren an ais beibrengen och daat waat net an de Bischer stét. Et as dofir wou ech soen dass Gott doud ass. Et ass kén Meschter mei do fir ais aus den "menschelchen" eraus zitt.
Nu je nés eng vun denen seriösen Diskouren.
Mé et ass der Waert en Funktioun vun den Evementer am Noen Osten dei mir schrecklech Angst maachen...
Dën "noen Osten", Gennaro,
war deemools,
et ass nach net esou laang hir,
d' DDR, déi deemoleg.
Komm mir loossen déi Läit
am Süden vum Mëttelmier
mol gewäerden :
et ass hir Kultur,
hir Gesellschaft
an hir Géographie.
Villäicht kënne mir duerno
zesumme liewen. Wien weess ?
Also dat ass jo mol e bild vum Gott, wei d'Gesellschaft deen haut gesäit.. aal a verfall... en huet et och net besser verdingt, en ass a kengem top 10 dran huet keen oscar a keen grammy...
Also LANGWEILESCH.
Waat een vum Bild absolut net ka soen, de Glanz I Like very much
Freck du bass awer elo beiss mat "him".
Geanu daat mir sinn esou weinesch an Kontakt mat ais selwer dass mir emmer nés Stimulien vun baussen brauchen fir gudd ze sinn.
Kanner dei sech op der Gare prostitueiren fir sech en i-phone ze leschten an fir bai de Coifffeur ze goen... asw asw .. God is definitevely dead
Bon... Beis...
Wann et e sollt gin (wat ech net gleewen) dann ass hien d'Klengt Kand mat der Loupe an mär sin d'Ameisen... bon ech lo vläit net esou, mee all dei an den drett Welt Länner an sou...
Daat huet neischt domaden ze dinn ... God sinn mir selwer , mir kreien neischt mat vun déms waat ausser ais ass.
D'religioun ass eng helleff fir besser op deser Welt ze sinn ... dourno ass mir alles sch.... egal.
Drett Welt ... Sie sinn am noosten vun der Spititualiteit an verleieren dei esoubaal sie Reich ginn ... ausser d'Buddhisten , Moslem an verschidden Chreschten (dei aller mannsten) ... Mé dei Reich hunn all eng Formel Relatioun zu ierem Inneren (also net Innereien )
Virwaat behellst du dech gudd? Virwaat repskteierst du den Aneren? Virwaat brengste kén ëmm . Firwaat probeierst du keng Ligen ze soen? ... ?
Ganz einfach... fir dass et mär gudd geet Egal wat ech maachen an egal aus weiengem Grond, maachen ech dat fir dass ech mat mär mengem gewessen an de Leit an menger Emwelt frou an zefridden sin. Wann ech net frou keint sin mat mär selwer, wann kleng Kanner unzwousch stierwen, dann geif ech eppes dogeint maachen... Mee bon d'ass nunmol jiddereen nemmen sou gudd wei en kann a well...
God is Dead
And no one Cares
If there is a Hell
I'll see you there
Kapitalismus, Massenkonsum, geplanten Obsolezenz, Gier, Neid, Hass... Wou ass dann do nach Platz fir sou Ikonen? An iwwerhaapt... wien huet dann nach Zäit sech mat sou eppes ze beschäftegen...? An wien well et dann nach nodeems déi ganz Institutioun, déi ni eng Institutioun hätt dierften ginn, schon am Mëttelalter ugefangen huet ze bréckelen. Flott Foto fir mat e bëssi Allegri ze meditéieren..