Boaaaahhhh... waat fier en super faawenspill.... hell donkel hell donkel... einfa nemme schein... mee ech hun leider sou daat gefill dat se onschaaw oder vun enger schlechter qualiteit ass... oder mengen ech aat nemmen?
Et as emmer ee Kompromess, wann ee Fotoen eremfënnt aus enger Zäit, wou Digitalfotographie nach an der Kannerschung stoung, an di gudd Apparater extrem deier waren, also, wéi ee selwer nach nëmmen vun esou engem Apparat gedreemt huet, - wann een also sou Fotoë scannt, fir se trotzdem hei ze weisen. Da huet ee jo eng "stebseg" Viirlag am 10X15 cm, déi een dann op 800 dpi an der Breed erop rechne léisst vum PS, an dafréckelt een alt nach bessen dru, fir Schärft eran ze kréien, an et filtert ee Rauschen eraus, awer, wi gesoot; et kritt een dat ni sou hi, wi wann een et direkt digital ophëllt.
Jo bei desem Bild bleift engem wiecklech den Otem aus;dei Spigelung; dei fuerwen; dei Wolleken an dei Kompositioun vum Bild. Ech gif zwar net soen dat se onscharf ass iwert d'Qualiteit kinnt nach scgwätzen, also mir perseinlech fällt et elo net direckt op. An wann ech ech gudd opgepasst hun bei denen aneren Fotoen vun deser Serie sinn dei Fotoen alleguer gescannt ginn vu que dass d'Nikon F70 jo och eng Analog Kamera ass; ugesichts dovun dat se gescannt sinn fannen ech dat een dei minimal schlecht Qualiteit och nach akzepteieren kinnt.
jo si ass richteg gut, mee ech froe mech - hies de net zevill noogeschaerft? Et kann allerdengs och sin dass deen Effekt duerch d'Kompressioun an zesummespill mat dem Géigeliicht eraus komm ass.
Op jiddefall ass et eng genial Opnahm, d'Faarwen sin absolut Top an och soss fannen ech se total gut gelongen
Eischter hun ech probéiert, de Pixeleffekt deen , mengen ech duerch de scanner komm as, mam NeatImage Reduce Noise méi soft ze maachen. Ech mengen et sineinfach di vill Schieder durch di Steng oder soss Kéippercher, di op der Plage do leien. Um Ofzoch huet een dat Gefill nämléch och, wnn een se kuckt. Mais vill stéiert awer net, oder?
Mais dat war elo scho bal eng frech Remarque, a vu datt ech ee ganz Léiwe sin, soen ech dir da ganz genee wou dat do as: an zwar as dat op der Plage bei Péros-Guirec op der Côte du Granit rose.