hmmm, nikon, ech kreien honger !
hun graat an de Gronn ugeruff an dei sin zou ! Freides !
soit, deng foto as net nemmen appetitureegend, mais och flott en scéne gesaat !
spagetti al salmone ! gud idee, ech hun nach tagliatelle al salmone ... am TK .. !
da gin et allt där ! oder as nach epes iwreg bei dier ?
mann vergiess et, hun graat gesin dat op mengem pc freiden, den 30 abrell 2010 as ... an ech idiot denken nach um telefon "freides zou ??? komesch" !!!
tsa vas, ech gin elo iessen, t'gehier huet keen bensin mei !
uiuiui, dann well ech elo emol e bessen aus der Reih treppelen *Kapp eranzeihend ronderemkuckend*
Mech spriechen dei 2 Fotoen leider net un, weder dei eischt mam gefruerenem Saumon (geseit ob allefall emol esou aus), mam verwielten Basilikum an mat den Wuerzelen mat schwarzen Spetzen, nach dei 2te wou alles an der Paan an sech och net grad vun senger beschter Sait weißt.... (Visuel, geschmaachlech kann ech jo net beurteelen) (Bei deenen Meeschten Käch geseit et ereischt herno um Teller gudd aus)
Wann esou eng Foto dann an deem heiten Fall deen färdeg dresseierten Teller, e bessen Parmesan driwwer, Basilikum an evtl eng Scheif Tomate drop, nierwend den Teller den Parmiggiano ob eng Reif geluert, Peffermillen derbai, eng Fläsch Olivenueleg an.... een Glas Pinot griggio mat Schweeßdrepsen um Glas....
Sou, an elo maachen ech mech aus dem Steps iehr ech hei lasgezun gin, aua!
Komm rëm! Wou leefs du dann? Sin ech dann eng Brütt?
Du hues alles durchkuckt. Dofir kriss du mol een Extrapunkt! De Saumon ass effektiv nach e besse gefruer gewiescht, d'Muurte sin net mi di allerfrëschst an de Basilikum ass net verwieéecht, éischter verdréchent, well net mat Zäit genaat. An effektiv gesäit et an der Pan ni besonnesch gudd aus. Mais kuck: Wann ech gewollt hätt, dann hätt ech jo och nach eng Foto vun dem ganzen hanneno dresséiert am Teller gewisen. Mais dat hun ech net gemaach a mat Absicht: ... Nee, lo net mengen. et wier näischt gin an ech hätt alles "unter ständigem Rühren in den Abfluss" geschott. Ech duecht einfach: Maach elo mol eng Kéier Fotoen vun deenen Etappen an der Kichen, déi een net sou klassescherweis gesäit.
Du has daat jo och nie esou direkt behaapt, dei aner hun daat eischter geschriwwen an daat hun ech alt net esou gesin...., dofir mein geingt-den Strom-geschwemms.
Daß te et besser kanns an just net wollls maachen dovunner gin ech aus, also, Foto gell...
ech muss zwar hei och soen ... Nicon, ech/mir sin aaner Faarwen vun dir gewinnt ...
ech gesin vill "gielzecht" hei ...
ech fannen se och net Kachbuchraif well, cf zB les carottes au nez noir, an den Basilikum deen een Lach huet ...
mee du wolls jo och net an een Kachbuch, ne
(mir haaten haut och saumon ... cuisson sous vide ... daat ass nawell ze probéieren!)
EDIT:
soo, kennt daat gielt net vun der Luucht vun der Hotte? dach, gell?
Ech wëll mol all deenen, déi hei ee wässrege Mond kritt hu Merci soen, a wann iech méng Fotoe gefaalen, tant mieux, awer ech si mir bewosst, datt se net kachbuchräif sin ... am Fong. Wéi ech beim Laurent 76 geschriwwen hun: ech wollt keng perfekt Fotoe maachen, mais éischter den Alldag an enger Kichen vun engem Enseignant an der Vakanz weisen...
ech correctionnéiere méng erröör dann a formuléieren dat politesch méi korrect:
am chômage technique pour enseignants... (mir géife jo an d'Schoul Coursen haale kommen, awer d'Schüler fehle jo en bloc... a wann och vläicht deen een oder aaneren séch dat sou erdreemt, fir virun emgem eidele Klassesall Cours ze gin, ech fannen dat éischter langweilech an onproduktiv...)
Maja! Sou eng Zort Tutorial héich 2: Eee Kachcours mat gläichzäiteg Fotoe maachen fir dann hanneno ee PG-Kachbuch online ze setzen. Do wier nawell Potenzial dran...
LOL