Wan engem säin Tele net besser an der Qualitéit ass, da muss een séch alt eppes aanescht afaale loossemat de Fotoen, déi een am Gaard vun den Sangvigel mécht...
Ëmmerhin hun ech hei 6400 ISO... Mais de Sigma 170-500 huet bei 500 mm Offeblend 6,3. A fir net ze verwackelen muss du do 1:200stel huelen an dann ass et bei de Wiederkonditioune vun haut quasi onméiglech, anstännech Fotoen mat engem 12Joer aalen Objektiv ze maache, wat schon wackelech ass. Do hëlleft och di bescht Canon näischt méi...
Routstach rausgeheien???? Da muss ech dem Noper séng bordeauxroud façade nei usträichen....
Edy, wou's du recht hues, hues du recht. Bei normaler Luucht ass dat Objektiv ganz an der Rei. Kuck mol des Foto hei, déi bei Sonn domadder gemaach gin ass. Unsere gefiederten Freunde Awer leider ass bei desem Niwwel, dee mir op 500 müM hei hun, d'Liicht net sou gudd gewiescht haut de Mëtteg.
Wann ech elo deen neien apochromateschen Verduebeler vun Nikon kréien an deen op mäin 70-200 f/2,8 setzen, da misst dat dach awer besser gin.... hoffen ech mol.
http://bancomicsans.com/home.html
Ah a wans de et am Photoshop gemat hues do hues de beim Text tool uewen an der bar d'méiglechkeet den anti-aliasing anzestellen, dann gett d'schreft mi smooth an net su verpixelt. D'iddie ass léiw
Do verstin ech awer elo net däi Link . Ëmmerhin hun ech Comic sans jo hei a Schwätzbulle gebraucht, fir dat di Schrëft jo ursprüngléck geduecht war. Oder misst ech am PS nach d'Fotoe sou filteren, datt se wéi an enger BD gemolt ausgesin???