Kommentar vum Fotograf:
Ech wëll da mol hei, nom Motto: "Einmal ist keinmal", eng Serie Eisbunnsfotoen roplueden, fir deenen Interesséierten e puer Saachen, déi an där Zort Fotografie wichteg sin, duerzeleeën.
1. Foto: Wann d'Wieder net richteg matspillt an den Himmel gro ass, da kann ee mat de Farwe spillen, wann een da Chance huet. Hei ass et de Kontrast blo-giel teschend dem Zuch an dem Poids lourd op der Bréck. Oppasse muss een, datt een säi Motiv schéi fräi huet, am besten tëschend de Poteaue vun der Caténaire an datt de Pantograph och fräi ass an net am Poteau oder an der OpHànkung hänkt. Do get et Leit die do gaaaanz kriddelech sin. :-)
2. Foto: Den Zuch an der Landschaft. Et muss net ëmmer den Zuch a Groussopnahm sin, hei ans do ass et méi flott, wann een eng schéi Landschaft huet oder eng bucholesch Szen, an den Zuch ass just ee Supplément. Besonnesch, wann et keng spektakulär Zich sin. Den TGV ass mëttlerweil jo och alldeeglch gin op eise Schinnen.
3. Foto: Flott si och ëmmer Durchblécker durch een Tunnel, mais do muss een dann no und d'Gleis. Do soll een dann awer net iwwert d'Schinnen trëllen, mais nëmmen dann esou no goe, wann een ouni Gefor bäikënnt. Giel oder orange Gilet wier net schlecht!!! Och net zécken, mam décken Tele ze schaffen.
4. Foto: Bewegungsonschärft kann och ee gestalterescht Element si, wann den Zuch net spektakulär ass awer den Hannergrond eppes hiergëtt.
5. Foto: Een Avant-plan ass och net ze verwerfen. Hei ass et ee Spackelterstrauch, et kann och een Aascht, ee Bam, een Haus, oder soss eppes interessantes sin.
An allgemeng gëllt. D'Schinnen ëmmer an der Diagonal an engem Eck auslaafe loossen.
ech hoffen heimat e puer Leit gehollef ze hun.