ech fannen dei heiten opnahm extrem gelongen. du hues laura hei an eng immens schein luucht gesoot...dann herno och nach schein gefiltert. pass alles giff ech mengen... dann och nach deen klengen scheinen luuchtfleck hannert dem kapp.
Jefaellt ...
also mech mol net...
Schéin déifeschärft, fott beliichtung, besse lusch fläit wi et seng hand hält :/
Huet sech obschiddefall gelount! Déi a nach 1 aaner si meng Favoriten
Fannen daat d'Meedchen schéin glaichméisseg, ouni hart Kontraster, ausgeliicht ass, an doduerch sëch angenehm vun dem Liichtwirrwarr am HG ofhiewt.Déi Iwerstrahlung Um Hannerkapp ass vlaicht ë bëssen ze stark.
Mai Bléck fellt vun do awer ëmmer erëm op d'Silhouette vun dëm Monni hanne lénks.
Coiffure Ferber, pff, d'Laura huet do mengen ech net vill Choix he? D'Lucht hannert dem Kapp stéiert mech amfong net, an iergenwéi fannen ech grad d'Pose vun der Hand interessant. Just den Typ lénks am Bild lenkt mech of... obwuel en schon bal an den Hannergrond verleeft.
U sech eng zimmlech gudd Iddi fir en anstännegen Shooting op der Fouer ze maachen. Déi wou hat ganz drop as op der selwecheter Platz gefällt mer nach e bëssen besser.
Fannen d'Foto ganz gudd, außer wéi schon ugeschwaat déi bessi ze hell Beliichtung iwert dem Ouer. Lo hun ech dann och mol éng Foto gesin vun déngem Fouer-Shooting. Haat dech jo och beim Take-Off getraff an mat dir gequatscht. Mach weider sou.