Déi éischt Versioun déi ech probéiert hunn war bëssen méi däischter awer mir gefalen Faarwen an dëser Versioun nach besser. Color key ouni Desaturatioun
hehe, ech haat se schon kuerz virun der Verffentlechung gesinn...an hun se mat gebrachenem Herz aus dem "Landschafts"-concours missen huelen...
mee jop, as genau main Stiehl - einfach, struktureiert an genau sou wei ech se gären hun
wéi dann? wisou dann? ass dach Landschaft an Schnéi, oder? ... ët sin jo awer keng Sensorflecken
Edit:
ech haat guer nët opgepasst dass deen Concours do ass, ech muss awer soen, dass fir mech keng aaner vun deenen elo bei mir Tilt gemach huet ... ët ass eben alles derbäi waat een sech ënnert eng "as usual"-Schnéilandschaft erwaart, ouni elo wëllen béiss sin, just ët stëcht keng elo speziell eraus
awer déi heiten ... nawell
allez ... sortons des entiers battus (et rebattus)
den punkt as d"Landschaft", dei as méi oder manner definéiert duerch: en Ausbleck, den Horizont, Natur, en "espace ouvert" souzesoen....daat haiten as eischter eng Foto vun engem Objet (steet jo och an där Kategorie) an fällt domat net mei enner dLandschaftsfotografie...
(offtopic: stemmt dass beim Contest puer "latt" Saachen derbai sinn, trotzdem hunn sech der awer och puer mat Liicht, der Landschaft selwer, oder engem Motiv do dran, Baam, Hond etc, auserneen gesaat sou wei daat geduercht war. Ech fannen et op allefall super dass der souvill matgemaach hunn!)
Jo ech mengen ech hat do den Begrëff Landschaft bëssen ze wéit gezunn an dat ganzt bëssen ze generell gesinn. Nach merci fir deng Opfuerderung an ech sinn schonn ee bëssen iwwerrascht dat déi heiten sou gutt ukennt