Io dat ass correct, mee dei Streck gouw et och net emmer, am Buch vun den Chemins de fer Luxembourgeois ass eng Foto vun 1991 an do ass den Torpedozuch nach iwwert Terre Rouge op Schëffleng gefuhr
Jo, virdrun (well op der Terre Rouge war et schon 1977 eriwwer) ass den Torpedo awer emmer nach iwwert d'Boubreck vun Schëffleng op d'Terre Rouge eragefuer fir dann hannerzeg, zereck iwwert déi Gréng Breck op den Belval ze fueren. Iergendwann ass déi "dezentraliséiert" Art an Weis ze verfueren einfach ze deier ginn géigeniwwer vun neien Anlagen wou alles Zentral gemeet ginn ass.
jo haut fueren se net mei mam flessegen stoohl mais mat richteg waarmen reih geformtenen traeger (beam blanks ,brammen, billetten .. oder esou aehnlech heeschen dei stecker) teschend den verschidenen schmelzen hin an hier
haaptsaechlech teschend belval an deifferdeng duerch den tunnel
Genau, se kennen jo net iwwerall alles walzen... Verschidden Walzwierker, verschidden Produiten. An déi mussen jo och net unbedingt nach warem sinn wann se ukommen. Schaffs du op der ARBED (pardon Arcelor-Mittal)?
jop verschidden qualiteiten an verschidden walzstroosen , also dei teschend deifferdeng an belval fueren sin nach baal roud waarm, obwuel se net waarm mussen sin..
Nee schaffen net bei Arcelor-mittal-Arbed kennen mech awer en bessen aus
Elo hunn ech schon dei next Rätselfoto , well nemmen dei weinegt wessen dat hannert der Bieleser Gemeng den längsten Eisenbunns-Tunnel vum Land eran geed
Ps. op der Escher-Autobunn kann een heinsto flesseg Aluminums/Magnesiums Transporter gesinn
och deen tunnel kennen ech ganz gudd
an dei transporter hun ech och schon gesin wees awer net wierklech wou dei hin fueren .. wier mool interessant ze wessen .. ech tippen op dideleng mais sin mer do net secher
Ah merci, well ech hätt nemmen dei heiten kennen weisen
http://www.flickr.com/photos/benoit_d90/5111014471/in/set-72157625107399685/
an do erkennt een net alles
Io vun mer ass op der 40 Joer Feier vum Fond de Gras entstaanen , ass schon eleng Wahnsinn weivill Achsen deen hud, ofgesinn emol dervun dat deen flessegt Eisen transportiert hud