Di Foto do erënnert méch u Sylvester 1997 an u méng Hochzäitsrees: Deemols hun ech do uewen eng änléch Foto am Schnéi gemaach mat der - hal déch un! - Gevabox vu méngem Bopa. Negativ 6X9 a Kodak Gold Rullfilm. Ech hun nach ee Poster DIN-A2 dovunner. Gestache scharf bis op déi liicht chromatesch Aberratioun un de Bord'en. Mais bon, dat ass jo normal bei openee gepechte Lënsen als Objektiv. Deemols hat d'Matterhorn awer eng Haiwchen.
Biller solle jo bekanntlech eng Geschicht erzielen, a je no Zweck spillt déi technesch Perfektioun da munchmol eng Nieweroll, vill méi wichteg sin d'Emotiounen, a speziel wéi an dengem Fall och sécherlech nach schéin Erënnerungen, déi beim Betruechten domadder verbonnen sin.
Passt dat alles, huet e Bild allemal säin Zweck erfëllt.